> Index: Fir d'Patronater ass d'Äntwert ëmmer nach Neen
Samedi, 10 Avril 2010 00:00

Index: Fir d'Patronater ass d'Äntwert ëmmer nach Neen

No net manner wéi véier Stonnen heftegen Diskussiounen tëscht dem lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker an der Union des entreprises du Luxembourg (UEL), ass déi erzielten Eengung vun der Regierung an de Gewerkschaften net vun der UEL acceptéiert ginn. Ganz am Géigendeel hunn d'Patronater eng ganz Rëtsch un anere Fuerderungen um Verhandlungsdësch virgeluegt. Fir si steet fest: Neen zum Prinzip vun enger spéiderer Indexatioun, Neen zur Hausse vun der Cotisatioun bei de Krankeversécherungen a Neen zur Hausse vun der

Impôt de solidarité.

De Jean-Claude Juncker huet awer elo schonn affirméiert, dass déi exigent Fuerderungen vun der UEL  kaum ze acceptéiere wieren. D'Patronater sinn awer absolut net vun hirer Positioun zum Thema Index ofzebréngen, déi e Moratoire vun zwee Joer wëllen. Si sinn der Meenung, dass wann de Mechanissem vun der Lounindexatioun onverännert bleift a nëmmen op den 1. Oktober 2011 reportéiert gëtt, wéi et e Mëttwoch festgehale ginn ass, sech de Mindestloun am Géigenzuch net ab dem 1. Januar 2011 erhéicht.

Ma och wat d'Cotisatioune vun der Krankeversécherung, déi ëm 0,2 Prozent méi deier ausfale wäert, ubelaangt, weist sech UEL net erfreet. Si refuséieren, dass dëst am Numm vun der Competivitéit soll agefouert ginn. Dat selwecht gelt fir d'Solidaritéitssteier, déi d'Regierung vun 4 op 6 Prozent fir Firmen erhéije wëll. Fir d'UEL steet fest, dass si dëst op kee Fall bezuele wäerten. “Et sinn d'Firmen, déi de Räichtem schafen an och mir hunn duerch d'Kris tëscht 10 an 15 Prozent u Competivitéit verluer” déclaréiert den UEL-President Michel Wurth.

Fir d'Regierung ass d'Haltung vun der UEL e graffe Réckschlag, ma si verléieren d'Hoffnung net, awer nach eng Léisung ze fannen. Den ënnerschriwwenen Accord mat de Gewerkschafte géif och weiderhin aktuell bleiwen an et soll weider mat de Patronater verhandelt ginn. De nächste Rendezvous ass an zwou Wochen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top