> Kris beim FC Bayern München?
Lundi, 10 Mai 2010 00:00

Kris beim FC Bayern München?

“Mir sëtzen an der Schäiss. Elo mussen aus dem Schäiss rauskommen”, sou déi däitlech a krass Wierder  vum Virstandschef, déi Situatioun nom historesche Feelstart beschreift. En FC Bayern ka sech net erlaben, mat 13 Punkten hannert der Spëtzt hannendrun ze hänken.

“An de nächste Woche musse mir op Däiwel komm raus gewannen”, fuerdert de Rummenigge, “awer gutt ass et, d'Nerven ze behalen”. Personell Konsequenze sollen et awer net ginn. De Rummenigge huet dem Trainer Louis van Gaal,

dee säi Kontrakt virun der Wochefrist verlängert kritt hat, eng Job-Garantie aus. “Hien huet eist vollst Vertrauen”.

De Bayern-Virstand huet awer elo schonn seng Konsequenze gezunn. Den, fir e Méindemëtten geplangten Oktoberfestbesuch vun der Équipe, ass direkt ofgesot ginn, elo muss trainéiert ginn. “Et wier einfach net ugemiess gewiescht, sech op de Wiesn mat engem Maß Béier zouzeprosten”, sou d'Begrënnung vu Rummenigge zum Feierverbuet. “Elo heescht et haart schaffen, d'Spiller musse weisen, dass si an der Lag sinn, aussergewéinlech Virkommnësser erëm riicht ze béien an ze korrigéieren”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top