> Centre de rétention zu Schraasseg ass illegal
Lundi, 10 Mai 2010 00:00

Centre de rétention zu Schraasseg ass illegal

Et ass duerch d'Plainte vun engem chinesesche Bierger, dee sech illegal zu Lëtzebuerg opgehal huet an elo schonn eng Zäit zu Schraasseg a Prisong sëtzt, dass d'Geriicht elo duerchgegraff huet. Am Kloertext huet d'Verwaltungsgeriicht de Centre de Séjour am Prisong Schraasseg als net conform zum Gesetz Artikel 120 (1) vum 29. August 2008 ass.

D'lëtzebuerger Regierung hat bis de 1. Oktober 2010 Zäit, fir e Centre de détention autonome, baussent dem Prisong ze organiséieren, präziséiert d'Geriicht säi Beschloss. Ma de

Bau vun der genannter Struktur direkt nieft dem lëtzebuerger Findel ass nach net fäerdeg a wäert net virum Fréijoer 2011 a Betrib geholl ginn.

Den Délai vum Geriicht ass deemno net agehale ginn, wat schlussendlech zum Uerteel vum Geriicht gefouert huet. Am Gespréich mam RTL huet den Immigratiounsminister Nicolas Schmit awer elo schonn annoncéiert, dass d'Regierung wéinst dëser Décisioun an Appel wäert goen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top