> D'Maison Berbère bleift eis erhalen
Lundi, 10 Mai 2010 00:00

D'Maison Berbère bleift eis erhalen

Laang ass hin an hier diskutéiert ginn, fir d'Ofrappe vun der Maison Berbère an der Rue de Glesener dach nach ze verhënneren. Souguer eng Facebook-Grupp ass zum Erhalt vum Jugendstil-Bauwierk gegrënnt ginn an och Denkmalschützer an Architekturfrënn hunn zesumme gekämpft, wat elo endlech gegléckt ass.

Wéi rtl.lu en Dënschde bericht huet, waart op d'Maison Berbère elo eng ni Heemecht bei der Musel. D'Gebai soll deemno Stee fir Steen

ofgedroe ginn an duerno mat staatlecher Ënnerstëtzung erëm opgebaut ginn. Weider Detailer iwwert dës Aktioun wäert de Romain Modert, President vun der Associatioun “Luxembourg Patrimoine” nach dës Woch bei enger Pressekonferenz bekannt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top