> Wien huet zu Wolz säi Buggy stoe gelooss?
Samedi, 10 Juillet 2010 00:00

Wien huet zu Wolz säi Buggy stoe gelooss?

Wéi d'Police matgedeelt huet, hunn e puer Beamte vum Centre d'Intervention vu Wolz en Dënschden e Buggy, onwäit vum Sträitdenkmal an der Rue du Chateau fonnt. Am Buggy vun der Mark Chicco sinn och nach e puer Spillsaachen entdeckt.

Wien deemno elo e klengen Däbbes Doheem setzen huet, dee verzweiwelt no senge Spillsaache verlaangert, sollt sech am beschten direkt bei der Police vu Wolz, ënnert der Nummer 2441 9500 mellen.

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top