> Friddensgespréicher tëscht Kabul a Taliban?
Mardi, 10 Août 2010 00:00

Friddensgespréicher tëscht Kabul a Taliban?

Zu Kabul huet de President Harmid Karsai offiziell den “Héije Friddensrot” agelaut. Deemno gi genee néng Joer nom Ufank vum Krich zu Gespréicher mat den Taliban opgeruff. D'USA weist sech iwwert dës Situatioun méi wéi zefridden. De Spriecher vum States Department huet entspriechend Meldungen iwwer Friddensgespréicher confirméiert.

Nodeems méi wéi 1.200 amerikanesch Zaldote gefall sinn, ass e Krichsenn an Aussiicht?

Spekuléiert gëtt iwwert en

ëmfaassend Ofkommen, dat d'Bedeelegung vun den Taliban an enger Regierung vu nationaler Eenheet virgesäit, sou wéi den Ofzuch vun US- a NATO-Truppen. Ëmmerhi kontrolléieren d'Taliban souwéisou schonn d'Halschent vum Land. Néng Joer, nodeems d'US-geféiert Alliéiert si verdriwwen haten.

Ob de Friddensrot, deen de Karsai op d'Been gestallt huet, zu engem erhoffte Resultat fënnt, bleift awer  weiderhin ze bezweiwelen. Déi radikal opstänneg Taliban hunn dem President scho méi wéi nëmmen eng Ofso matgedeelt. An awer sinn dës Gespréicher immens wichteg. D'Afghane mussen hir Zukunft am Afghanistan an déi eegen Hänn huelen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top