> Index: en onnéidegen Accord?
Mardi, 10 Août 2010 00:00

Index: en onnéidegen Accord?

Et ass praktesch eng Woch hir, dass d'Regierung an d'Gewerkschaften endlech e Kompromëss a Saachen Index fonnt hunn. Dësem Accord no, ass déi nächst Indextranche net virum 1. Oktober 2011 ze erwaarden. De neitste Schätzunge vum Statec no, wier déi nächst Indextranche awer souwéisou net virum véierten Trimester 2011 a Kraaft getrueden, an dëst och wann de Consommatiounspräis bannent engem Joer geklommen ass.

De Statec huet erkläert, dass den Inflatiounstaux vun 0,14 op 2,23 Prozent am September 2009 a nach eng

Kéier op 2,37 Prozent am September 2010 an d'Luucht gaang ass. Ma am Verglach zum August 2010, ass den Inflatiounstaux awer stabel bliwwen, dëst virun allem duerch déi niddereg Pëtrolspräisser an der Baisse bei de Reespräisser.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top