> Rockerkrich tëscht Konz a Lëtzebuerg
Mercredi, 10 Novembre 2010 00:00

Rockerkrich tëscht Konz a Lëtzebuerg

Wéinst der Ouverture vun engem neie Rocker-Clubhouse, Gremium MC, am Industriegebitt zu Konz-Könen, huet och d'Police de vergaangene Weekend an engem Groussaufgebot missen urécken. Et war gefaart ginn, dass e rivaliséierende Club aus Lëtzebuerg do hätt kéinten eng Kläpperei provozéieren an ausléise kënnen.

Der Police no, haten d'Hells Angels vu Lëtzebuerg sech am Virfeld vun dëser Ouverture géint de neie Club ausgeschwat. Fir d'Police  e Grond, dës Ausso duerchaus Eescht ze huelen.



D'Asaztruppen hunn deemno ganz einfach d'Opfahrten zum Clubhaus gespaart an hu sämtlech Persounen, déi entweder mam Motorrad oder Auto ugereest waren, kontrolléiert. Insgesamt 260 Sympathisante vun der Rockerzeen aus Däitschland a Lëtzebuerg hate sech op de Wee op Konz gemaach. Dobäi sinn dann och Messer, Knëppelen a Pefferspray-Dousen séchergestallt ginn an et sinn direkt e puer Protokoller wéinst engem Verstouss géint d'Waffegesetz verschriwwe ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top