> Microsoft kontert mat Windows Phone 7
Vendredi, 10 Décembre 2010 00:00

Microsoft kontert mat Windows Phone 7

Den US-Konzern presentéiert säi neien Handy-Betribssystem Windows Phone 7 an huet weltwäit Dausende Journalisten invitéiert, Journaliste vu New York, London, Paräis an Hamburg. De Konzernchef Steve Ballmer schwätzt an den USA an ass dobäi live an Däitschland iwwerdroe ginn.

“Op dësen Dag hunn ech laang gewaart”, sou de Ballmer. “Elo hu mir endlech en Handy fir richteg Mënsche geschaf”, sou en iwwerschwängleche Manager. “Et kann ee souguer domat telefonéieren”. Den Achim Berg,

Chef vum Handy-Beräich betount iwwerdeems: “En ass séier an en ass einfach ze handhaben”. Am Kloertext bréicht ee manner Klicks wéi bei aneren Handyen, fir gewënschte Funktiounen opzeruffen. A Saache Spiller, Office a Connectioun u sozial Netzwierker wéi Facebook, wëll Microsoft d'Konkurrenz elo wäit hannert sech loossen.

Ab dem 21. Oktober sollen déi éischt Windows Phone 7 offiziell an den Handel kommen, dorënner fir Handye vun HTC, Samsung oder och LG. Anescht wéi beim Apple iPhone, gëtt et keng Exklusivitéit, sämtlech Handyprovideren dierfen hir Handyen mam Windows Phone 7 verkafen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top