> Reform bei de lëtzebuerger Pompjeeën an der Protex
Vendredi, 10 Décembre 2010 00:00

Reform bei de lëtzebuerger Pompjeeën an der Protex

Zanter September 2009 hate sech d'Experten aus dem In- an Ausland zesummegesat, fir sech mat de Problemer bei de Pompjeeën an der Protection civile ze befaassen, dëst op regionalem an op nationale Niveau. Deemno soll bis Enn 2011 en deementspriechende Gesetzesentworf virleien, fir d'Zukunft vun eise Rettungssleit ze reforméieren.

Ma den Ament et géif sech nach net ëm konkret Décisiounen handelen, éischter ëm Propositiounen, déi mat den zoustännege Servicer diskutéiert musse ginn, sou d'Erklärung vum

Inneminister Jean-Marie Halsdorf. Eng vun den Haaptiwwerleeungen ass dobäi, ob et hëllefräich wier, déi fräiwëlleg Pompjeeën an d'Protection civile ze vereenen. D'Fro, déi sech dobäi stellt, ob dësen ëffentlech-rechtlechen Rettungsgrupp deen Ament méi effizient schafft.

Allgemeng soll de Rettungsdéngscht zu Lëtzebuerg méi eenheetlech a ganz wichteg, méi séier ginn. Donieft soll awer och d'Carrière vun de Beruffspompjeeën iwwerschafft ginn a fräiwëlleg Pompjeeë solle net méi fir näischt an den Asaz geschéckt ginn. A wéi enger Form déi Fräiwëlleg solle bezuelt ginn, ass nach op, fest steet awer, dass de Bereetschaftsdéngscht soll entschiedegt ginn, mat entweder engem oder véier Euro pro Stonn, ofhängeg, vu wou een an den Asaz geruff gëtt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top