> Index: D'Fedil weist sech net erfreet
Vendredi, 10 Décembre 2010 00:00

Index: D'Fedil weist sech net erfreet

“Weder d'Form, nach de Fong” konnten de Fedil-President iwwerzeegen, dee sech sécher ass, dass d'Manéier vun der Regierung dat ganzt nach verschlëmmert an d'Bezéiung mat de Patronater sech doduerch nach verschlechtere kéint. Dat Schlëmmst fir hie wier awer de Fait, dass d'Patronater regelrecht aus de Verhandlunge vun der Bipartite ausgeschloss gi sinn.

Am Bezuch op de Contenu, ass d'Fedil der Meenung, dass d'Suiten an éischter Instanz d'Firmen an d'Salariéeën ze spiere kréien an duerno och nach dat

ganzt Land. An anere Wierder, wier déi essentiell Fro a Saache Competivitéit alles anescht wéi beäntwert ginn. Fir d'Entreprënnere gëtt et an hiren Ae just eng méiglech Léisung: den Indexatiounssystem op mannst zwee Joer ze stoppen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top