Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo no gouf d'Decisioun net vu Lëtzebuerg geholl mä soll mam europäeschen Droit iwwerteneestëmmen. Dat fréiert Schema, wou d'Regierung d'Käschten vun alle Studenten iwwerholl huet, 'géif néierens an Europa existéieren', huet hien zu
News352.lu gesot. 'Mir adoptéieren den europäesche Standard', sot de Bartolomeo. Komescherweis kréien d'Studenten an England, egal wouhier se kommen, d'Käschten vun der Sécurité sociale vum Staat bezuelt.
An engem Communiqué vum Educatiounsministere soll eng Reunioun tëscht dem Ministre de l'Enseignement supérieur et de la Recherche, den Autoritéite vun der Sécurité sociale, der Uni Lëtzebuerg, an dem Studenteveräin vun der Uni Lëtzebuerg (LUS) stattfannen. D'Zill wier, eng Léisung dozou ze fannen.
De President vum Studenteveräin Gilberto Fernandes huet d'Moossnam als 'Diskriminatioun' bezeechent.
Authors: news352