De 26. Mee 2007 gouf eng héich schwanger jonk Fra gouf an enger Kollisioun vun 2 Autoen eescht blesséiert. Den Akzident huet eng Feelgebuert verursaacht.
En Dënschdeg hunn d'Riichter déi éischt Decisioun confirméiert, datt déi Schëlleg fir d'Blessurë verantwortlech gehale ginn. Et ass awer just nach déi onfräiwëlleg Kierperverletzung an net den onfräiwëllegen Doudschlag festgehale ginn.
De Foetus nach keng “Personnalité juridique” ass. De Riichter no
géif kloer am Gesetz stoen, datt een ongebuerent Kand keng Persoun am juristesche Sënn ass.
Déi Schëlleg kruten e Fahrverbot vun 3 Joër, dovunner 2 op Sursis a Geldstrofe vun 1.200 € respektiv 2.500 €. De Schuedenersaz fir d'Mam gouf vun 10.000 € op 15.000 € gehéicht.
Den Affekot vum Affer, de Maître Vogel, huet Wëlles, d'Affaire nom Appel awer weider op d'Cour de Cassation ze huelen.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352