Déi betraffe Streck fänkt beim Rondpoint zu Märel beim Zéissenger Kräiz un. Déi di aus Esch-sur-Alzette komme mussen d'Sortie 1 Leideleng huelen a vun do aus d'N4 fir op d'Cloche d'Or an dann Hollerech ze kommen.
Déi di aus Hollerech kommen mussen d'Escher Strooss a Richtung Cloche d'Or huelen an sech dann a Richtung Leideleng via N4 dirigéieren.
Et sinn och aner méi kleng Bauaarbechten an der Stad virgesin.
Vun 8 Auer owes un bis muer de Moien 6 Auer, gëtt un der Chaussée vun der
rue d'Eisch geschafft. Do gëllt e Sens unique vun der Montée Pilate bis an d'Rue Emile Metz.
Um Samschdeg, ab 6 Auer bis Mëtternuecht, op der Streck vun der Rue d'Eisch tëscht der Iechternacher Strooss an der Rue Emile Metz. D'Deviatioun wäert duerch Beggen a Walfer goen.
An der Rue du Fort Neipperg (Quartier vun der Gare) gëtt tëscht der Rue Bender an der Rue de Bonnevoie zougemaach.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352