Säit leschter Woch zirkuléiert e Video um Internet, deen di lescht Momenter virum Doud vun engem Hirsch während enger Ettelbrécker Dreifjuegd weist.
De Video gouf während enger Dreifjuegd um 9. November gefilmt. E blesséierten Hirsch gouf, vu Jeeër an Hënn ëmzéngelt, an de Floss gedriwwen. Doropshin gëtt e puer mol op e geschoss, mä e schwëmmt verängschtegt, an nach méi blesséiert, weider.
Den Auteur behaapt, den Hirsch wier net duerch d'Schosswonnen ëmkomm. E wier am
Plaz am Floss erdronk.
D'Biller hunn eng massiv Diskussioun, an deem d'Jeeër gréisstendeels kritiséiert ginn, um Youtube gestart. D'Ethik vu Juegten gëtt haaptsächlech Fro gestallt. Den Doud vum Hirsch, deen eréischt laang duerno kënnt, gëtt als besonnesch qualvoll bezeechent.
Dobäi kënnt, datt den Hirsch ëm dëst Zäit guer net däerf gejot ginn. E muss also fir d'éischt blesséiert sinn, ier op e geschoss däerf ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352