Beim Fiederwäissen handelt et sech ëm e neie Wäin a senger Ufanksphas, dee nach an der Gärung ass. Nom Presse vun den Drauwen entsteet e Jus, dee wäiss Hiefzellen als Schwiefstoffer enthält. Dës “fiederwäiss” Zellen hunn dem Fiederwäissen dann och zu sengem Numm verhollef. Ma trotz der Faarf an dem fruuchteg, aromatesche Goût, ass dësen “Drauwejus” net ze ënnerschätzen, wat den Alkoholgehalt ubelaangt. En drénkt sech wéi Zockerwaasser, trëfft an dësem Fall zu 100 Prozent zou.
Am Prinzip kënne fir de Fiederwäissen all Wäinzorte genotzt ginn, ma zu Lëtzebuerg gëtt traditionell, an och wéinst sengem typeschen Aroma, de Rivaner geholl. A Moosse gedronk, huet de Fierderwäissen duerchaus e positiv Effekt op d'Gesondheet. D'Vitaminne B1 a B2 suerge fir eng reng Haut, e frëschen Teint a gesond Hoer. Donieft gëtt awer och nach d'Blutt gerengegt an de Kierper entschlackt.
An deem Fall, soe mir Prost.... a nach e klengen Tipp vun de Wäinexperte vu Réimech. De Fiederwäissen ass am beschte mat frëschen Nëss ze genéissen. Envoyer cet article par email
Authors: news352