News Grande Région (11343)
Goldpräis klëmmt op Rekordenhéicht
De neie Rekordpräis fir den Edelmetall ass eng Reaktioun op d'Angscht virun enger Inflatioun. Gold gëllt als krisefest Anlag, well den Edelmetall net vun der Geldentwertung betraff ass.
D'US-Behörde Fed huet an der leschter Woch matgedeelt, datt si fir di zweet Kéier säit dem Ausbroch vun der Finanzkrise massiv Geld an d'Economie pumpen a fir eng 600 Milliarden Dollar (knapp 430 Milliarden Euro) weider Staatsanleihen opzekafen. Dëst léisst de Risiko vun enger Inflatioun steigeren.
2 prominent Affekoten däerfe China net verloossen
D'AFP bericht, datt obwuel de Mo Shaoping, Affekot vum Liu Xiaobo, an den He Weifang bestätegt hunn, datt Norwegen net op hirem Itineraire war, si se vun de Sécherheetsbehörden am Fluchhafen zu Peking blockéiert ginn. 'Dat hei ass dat Blödst wat ech bis elo héieren hunn' sot de Mo Shaoping. Hie sot hien hätt emol kee Visa fir Norwegen.
Di chinesesch Regierung ass iwwerhaapt net domadder averstanen, datt de Schrëftsteller Liu Xiaobo den Nobelpräis kréie soll. Zënterhier versicht se d'chinesesch Staatsbierger ze