News Grande Région (11343)
Keng Steiererliichterunge fir Räicher
“Dat maache mir net, well mir déi méi räich Mënsche bestrofe wëllen”, sou den Obama anenge wirtschaftspolitescher Ried zu Cleveland am Bundesstaat Ohio. D'Käschte fir Steiervergënschtegungen an der Héicht vun 700 Milliarden Dollar (550 Milliarden Euro) kéint sech d'Land ganz einfach net méi leeschten.
Den Obama huet iwwerdeems Steierreduktioune fir US-Bierger ugekënnegt, déi manner wéi 250.000 Dollar am Joer verdéngen. “Fir all Akommes iwwert dës Zomm ginn
Buerer am Chile elo op 268 Meter
D'Buermaschinn “T-130” huet alleng an de vergaangenen 24 Stonnen e Fortschrëtt vun 150 Meter gemaach, sou den Asazleeder vun de Rettungsbuerungen, Andres Sougarret. D'Biergleit sëtzen zanter iwwer engem Mount an enger Déift vun 700 Meter an der Koffer- a Goldminn zu Copiago fest.
Den zanter e Sonnden agesate Buerer iwwerhëlt mëttlerweil déi, fir d'éischt an de Betrib geholle Buermaschinn “Strata 950”, déi bis ewell bis an eng Déift vun 141 Meter gebuert hat. Den “T-130” ass awer