News Grande Région (11343)
Eng Ausstellung zu Éiere vun der Gëlle Fra (Video)
Elo ass d'Gëlle Fra erëm doheem ukomm. D'Monument gouf ursprénglech am Joer 1923 als Mémorial vum Éischte Weltkrich an der Stad opgestallt. De Kënschtler Claus Cito, deen d'Statue entworf huet, staamt aus Käerjeng.
D'Ausstellung presentéiert d'Gëlle Fra an hirem historeschen a kënschtleche Kontext op nationalem an internationalem Niveau.
Säit der Opstellung op der Place de la Constitution am Mee 1923 huet d'Gëlle Fra zimlech vill
Den Andy ass Nummer 1! (+Sportgala Video)
D'Gala vun der Sportpress zeechent déi bescht Athleten an Equipen am Land aus. Et waren zéng Kandidate fir den Titel nominéiert.
Den Andy Schleck huet déi éischt Plaz kritt. Säi Brudder, de Frank, ass Zweete ginn. De villverspriechendste Sportler ass de Bob Jungels (18), deen am August de Junior Championnat an Italien gewonnen huet.
Den Triathlon Champion Dirk Bockel ass 4. ginn, hannert dem Schwëmmer Lauren Carnol. Hien huet zouginn, datt de Concours schwéier ass, zemools well hie