> Australien: Warnung viru geféierleche Reptilien an Iwwerschwemmungsgebitt
Friday, 01 April 2011 00:00

Australien: Warnung viru geféierleche Reptilien an Iwwerschwemmungsgebitt

Fir d'Reptilien ass et elo d'Paarungszäit, wat d'Déieren déi aus hirem Ëmfält ewechgerappt goufen immens geféierlech mécht, sou de Nouthellef-Koordinator vun der Stad, Scott Mahaffey, 'D'Schlaangen sinn den Ament immens nervös'.

Bei de Krokodilen géif nach dobäi kommen, datt si immens schwéier am Waasser an der Trümmerlandschaft auszemaache sinn. En Aarbechter huet erzielt, datt hien gesinn huet wéi zwee Polizisten an d'Waasser gespronge sinn an 'e kräftege Kifer

gesinn hunn'.

Et gëtt gefaart, datt de Waasserstand zu Rockhampton op mannst zwou Woche laang esou héich bleift. Och Mécken stellen eng Gefor duer well si zu der Verbreedung vu Krankheete féiere kënnen.

D'Küstestad Rockhampton, déi sech 500 Kilometer nördlech vu Brisbane befënnt, ass zënter Deeg vollkommen vum Waasser ageschloss. Di australesch Arméi beméit sech, mat Helikopteren Liewensmëttel a Medikamenter zu den 75.000 Awunner ze bréngen. Et sinn 22 Stied an 200.000 Mënschen am Nordoste vun Australien op enger Fläch, déi esou grouss wéi Däitschland a Frankräich ass, betraff.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top