Et gëtt gefaart, datt de Waasserstand zu Rockhampton op mannst zwou Woche laang esou héich bleift. Och Mécken stellen eng Gefor duer well si zu der Verbreedung vu Krankheete féiere kënnen.
D'Küstestad Rockhampton, déi sech 500 Kilometer nördlech vu Brisbane befënnt, ass zënter Deeg vollkommen vum Waasser ageschloss. Di australesch Arméi beméit sech, mat Helikopteren Liewensmëttel a Medikamenter zu den 75.000 Awunner ze bréngen. Et sinn 22 Stied an 200.000 Mënschen am Nordoste vun Australien op enger Fläch, déi esou grouss wéi Däitschland a Frankräich ass, betraff.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352