Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Wednesday, 09 June 2010 00:00

EM-Qualifikatioun: Vun den eegne Fans ugegraff

Wéi d'Police zu Lëtzebuerg matgedeelt huet, ass et nom Match vun der EM-Qualifikatioun Bosnien-Herzegowina géint Lëtzebuerg zu engem Tëschefall komm. De Bogdan Ceko , stellvertriedenden Delegéierte vun der bosnescher Fussballnationaléquipe ass nom Match, an der direkter Ëmgéigend vum Équipen-Hotel vun enger Grupp bosnescher Fans ugeschwat ginn.

De Mann ass dobäi vun enger onbekannter Persoun ugegraff. Dem Täter hunn dobäi nach zwee aner Männer gehollef a si hunn d'Affer zesummegeschloen, fir

direkt duerno ze flüchten. De bosneschen Delegéierten huet no dësem feigen Ugrëff liicht Verletzungen am Gesiicht dervugedroen. Hien huet missen am Spidol behandelt ginn, konnt um Owend selwer awer erëm zeréck an den Hotel.

D'Ugräifer konnten, Medienberichter no, nach net identifizéiert ginn. Éischten Ermëttlunge no, wieren d'Ugräifer mam Verhale vum bosnesche Fussball-Verband onzefridden, sou eng virsiichteg Erklärung zu der Dot.

Bosnien-Herzegowina dréit am internationale Fussball d'Isolatioun, well de Verband eng, vum Europa- a Weltverband gefuerdert Statutenännerung refuséiert. Amplaz vun den dräi Presidenten, déi fir déi dräi Bevëlkerungsgruppen amtéieren, soll der Fifa an der Uefa no, nëmmen ee Verbandschef am Amt sinn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn