Friday 20 September 2024
Font Size
   
Wednesday, 09 June 2010 00:00

Sou gëtt de Consommateur bedrunn!

Net ëmmer ass den Honger op Chipsen dru Schold, dass d'Tut ze séier eidel ass. D'Verbraucherzentral Hamburg huet aktuell zéng akut Fäll vu Wuern entlarvt, bei deenen d'Fëllquantitéit reduzéiert ginn, ouni dobäi de Präis unzepassen, an anere Wierder “manner dra fir de selwechte Präis”.

Sou gëtt de Consommateur  zum Beispill beim Kaf vun engem Pak Schokonëss vun m&m's iwwert d'Ouer geschloen. Déi mat ursprénglech 320 Gramm gefëllten Tut fir knapp “ Euro hat schonn

am Joer 2007 op eemol 20 Gramm manner Contenu, fir dee selwechte Präis. Elo weisen d'Verbraucherschützer eng weider Kéier drop hin, dass nëmme nach 285 Gramm an der Tut sinn, obschonns ee mëttlerweil 2,49 Euro bezuele muss. Dat ass eng Präishausse vun ëmmerhin 40 %.

Och den Hiersteller Procter & Gamble huet bei senge Pringles Chipsen bannent véier Joer d'Quantitéit vun 200 Gramm, op 170 an elo aktuell 165 Gramm reduzéiert. De Packungspräis bleift entweder gläich bliwwen , ma vill Händler hunn d'Präisser awer nach vun 1,59 op 1,99 Euro eropgesat. Hei ass et deemno eng Hausse vun 52 %.

Ma souguer beim Toilettepabeier ginn et verstoppte Präishaussen, wéi d'Beispill vum fiichten Toilettepabeier vun Hakle weist. Hei ass et Hausse vu ganzer 67 Prozent. Schonn am Joer 2005 hat d'Firma hir Packung, zum Präis vun 1,99 Euro, vun engem Dag op deen aneren net méi mat 70 Dicher, ma nëmme méi mat 49 Dicher ugebueden. Aktuell sinn elo Hakle-Packungen mat 42 Dicher am Handel opgedaucht, ouni dass sech de Präis verännert huet.

Bekannte Marke wéi Nivea (Duschgel “Creme Soft” ass am Laf vun de Joeren vun 150 op 100 Gramm geschrumpft), Calgonit (ursprénglech 100 Tabs fir 10 Eiro, elo nëmmen 80 Tabs fir 11 Euro) oder och Somat si mëttlerweil oft genuch erwëscht ginn, de Cliente verstoppte Präishaussen unzedréinen.

Et si net déi bëlleg Discounter-Wuere, ma virun allem bekannte Markeproduiten, déi manner Quantitéit fir en deieren Präis ubidden. Dobäi setzen dës Firmen op d'Vertrauen vun de Consommateuren a notzen déi gnadenlos aus. Dem Gesetz no, mussen d'Verpakungen eigentlech matschrumpfen, soubal d'Quantitéit reduzéiert gëtt, wat am rechtleche Sënn ënner Fuddelpakungen fält, ass ganz oft schwiereg festzestellen.

Zanter fënnef Joer verëffentlecht d'Verbraucherzentral Hamburg eng Lëscht mat verstoppte Fuddelpakungen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn