Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Friday, 09 July 2010 00:00

Andy Schleck vun der Vuelta ausgeschloss

De Rennstall vum Bjarne Riis, fir deen och de Fabian Cancellara fiert, huet en Dënschde matdeele gelooss, dass zwee Cycliste vun der Vuelta ausgeschloss ginn. Nieft dem Tour-e-France-Zweeten, dierf deemno och de Stuart O'Grady net méi un der 10. Vuelta-Etapp zu Tarragona untrieden.

Scheinbar wier béid Cyclisten erwëscht ginn, wéi si u engem Owend Alkohol gedronk hätten. Dëst gelt als mëssuechte vun den Team-internen Regelen, déi net ausser uecht dierfe gelooss ginn. “Ech gesi jo an, dass ech d'Teamregele gebrach hunn,

well ech nom Iesse nach eppes drénke gaang sinn. Dowéinst huet de Bjarne mech an de Stuart O'Grady Heem geschéckt”, sou den Andy Schleck no sengem Ausschloss.

Béid Cycliste fuere beim Bjarne Riis hir lescht Rennen, ier si am nächste Joer fir e neit Team zu Lëtzebuerg un de Start wäerte goen. De Riis wollt detailléiert Grënn fir seng Décisioun eréischt um Enn vun der Etapp nennen.

Den Andy Schleck, deem bei der Tour de France nëmmen 39 Sekonnen zu der Gesamtvictoire géint den Alberto Contador gefeelt hat, loung am Vuelta-Klassement no der éischter Woch schonn 37:16 Minutten hannert dem Igor Anton. Den O'GRady hat souguer e Réckstand vu bal annerhallwer Stonn.Ouni seng zwee Ënnerstëtze sinn d'Chancë vum Andy sengem Brudder Frank Schleck op eng Gesamtvistoire dowéinst ope Minimum gefall. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn