Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Friday, 09 July 2010 00:00

No Fahrerflucht e Polizist blesséiert

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et géint 12.23 Auer an der Rue de Hollerich zu enger spektakulärer Aktioun vun zwou Automobilistinne komm. Eng Policepatrull wollt déi zwou Fraen am Auto nämlech kontrolléieren. Wéi d'Beamte sech op de Wee zum Auto maache wollten, huet d'Fuererin d'Flucht ergraff an dobäi e Beamte mat hirem Gefier ze pake kritt.

Mat hirem Won sinn déi Zwee vun der Rue de Strasbourg, a falscher Richtung an d'Rue de la Fonderie gerannt. Hir Flucht ass weidergaang bis iwwert Rue de Hollerich, ma matten op

der Kräizung huet de Liniebus, deen a Richtung Gare ënnerwee war, den Auto op der Säit erfaasst. Den Auto huet sech doropshin ëm seng eegen Achse gedréint an ass géint de Poteau vun enger Stroosseluucht geknuppt.

Den zwou Damme war dëst nach net filmräif genuch, si si nämlech nach ze Fouss a Richtung Rue Baudouin geflücht, wou si enger anerer Policepatrull an d'Ärem gelaf sinn. Fir wat déi Zwee geflücht sinn ass nach net gewosst, d'Police wäert der Saach awer op de Grond goen.

Am accidentéierte Bus waren zum Zäitpunkt vum Zesummestouss och Passagéier u Bord. De Buschauffer ass beim Accident liicht verwonnt ginn an eng schwanger Fra ass fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht ginn. Den uegstoussene Policebeamten huet dann och misse fir eng Ënnersichung an d'Spidol.

Op der Plaz war de Centre d'Intervention vu Lëtzebuerg. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn