Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Monday, 09 August 2010 00:00

Lëtzebuerg investéiert a seng Schüler

Lëtzebuerg investéiert duebel sou vill Sue pro Schüler, wéi zum Beispill Frankräich oder d'Belsch. Dëst geet aus der aktueller OECD-Étude zu dësem Thema ervir.

 

Dem Entwécklungsbericht vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) no, investéiert de Grand-Duché ronn 164.000 Euro an all Schüler am Laf vu sengem akademesche Liewen. Eng Zuel, déi am Verglach mat de Nopeschlänner a mam OECD-Duerchschnëtt vun 75.000 Euro pro Schüler, immens héich läit.

Als Undeel vum BIP sinn dat awer nëmmen 3,1 Prozent a läit domat awer ënnert dem OECD-Duerchschnëtt vun 3,3 Prozent, den 3,7 Prozent a Frankräich an den 3,9 Prozent an der Belsch. De Michel Lanner, Beroder vum Ministère fir Bildung huet gesot: “Mir mussen dës Zuelen am Zesummenhang mat anere Statistike kucken, wéi beispillsweis de BIP”.

E weideren Aspekt am OECD-Bericht sinn d'Salaire vum Léierpersonal. Donnéeë vun der OECD no, verdéngt all Schoulmeeschter mat 15 Joer Beruffserfahrung zu Lëtzebuerg duerchschnëttlech 78.000 Euro am Joer, verglach mat nëmmen 47.000 Euro an Däitschland.

Lëtzebuerg ass awer och nach en engem anere Punkt éischter eng Ausnam, als dat Land, mat der meeschter Zäit Sproochenenseignement an de Schoulen an Unien. Am lëtzebuerger Bildungssystem ginn 25 Prozent vun der Léierzäit fir Schüler am Alter vu néng bis eelef Joer vum Sproochenenseignement gewidmet.

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn