Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Monday, 09 August 2010 00:00

A wat wier wann ech kënnegen?

D'Salariéeën an der Belsch an zu Lëtzebuerg hunn en Drang dozou, a regelméissegen Ofstänn enger Firma léiwer de Réck ze dréinen, wa si net hiren Ziler a Visiounen entsprécht. Enger Regus-Étude no, sinn souguer 41 Prozent vun hinne bereet, trotz engem eigentlech séchere Job, léiwer ze testen, ob d'Gras entzwuesch anescht net awer méi gréng ass. Ëmmerhin hunn 37 Prozent definitiv zouginn, net wëllen an enger Firma ze bleiwen, déi hinne keng Aussiicht op eng Entwécklung um

Niveau Hierarchie oder Salaire bitt.

Ma haaptsächlech trieden deementspriechend Reflexiounen an Handlunge verstäerkt nom laange Congé am Summer an de Virdergrond, sou de Generaldirekter vu Regus benelux. Den Eduard Schaepman erkläert: “Ganz oft kommen d'Salariéeën aus der Vakanz, an décidéieren e Bilan aus hirer berufflecher Situatioun ze zéien, andeems d'Vir- a Nodeeler genee ënnert d'Lupp geholl ginn.

En anere Grond ass och de Schluss vun der Rezessioun. “Am Laf vun der leschter Rezessioun, huet de Stress wéinst der héijer Belaaschtung am Job zougeholl, an anere Wierder d'Salariéeë musse méi haart schaffen, fir hir berufflech Ziler ze erreechen. E net ganz onwesentleche Grond ass dobäi de Salaire, vill Salariéeën héich Prête musse rembourséieren. Elo, wou d'Wirtschaft erëm unzitt, si vill Salariéeë mat Firme konfrontéiert, déi besser Aarbechtskonditiounen an och de néidege Salaire verspriechen”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn