Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 09 September 2010 00:00

Keng Steiererliichterunge fir Räicher

“Dat maache mir net, well mir déi méi räich Mënsche bestrofe wëllen”, sou den Obama anenge wirtschaftspolitescher Ried zu Cleveland am Bundesstaat Ohio. D'Käschte fir Steiervergënschtegungen an der Héicht vun 700 Milliarden Dollar (550 Milliarden Euro) kéint sech d'Land ganz einfach net méi leeschten.

Den Obama huet iwwerdeems Steierreduktioune fir US-Bierger ugekënnegt, déi manner wéi 250.000 Dollar am Joer verdéngen. “Fir all Akommes iwwert dës Zomm ginn

d'Steiersätz an d'Luucht”, huet hien erkläert. Zil wier e Steierniveau fir Räicher, wéi ënnert der Leedung vum deemolegen US-President Bill Clinton, deen am Joer 2001 vum Bush ofgeléist gi war.

Déi oppositionell Republikaner setze sech dogéint an, déi um Enn vun dësem Joer oflafend Steiererliichterungen ze verlängeren. Si hunn Angscht viru negativen Auswierkungen op de Wirtschaftswuesstem, sollten dës Vergënschtegungen ewechfalen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn