Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Hypo Real Estate brauch weider Hëllef

Déi verstaatlecht Bank hat schonn Enn 2008 méi wéi 100 Milliarden Euro Staatshëllef erhal an elo soll d'Bank nach eng Kéier bis zu 40 Milliarden u Garantie vum Staat kréien. Dëst soll dann eng weider Gebuertshëllef fir nei Bad Bank sinn.

E Freidenowend hat den däitsche Lenkungsausschoss fir de staatleche Bankerettungsfonds (Soffin ) d'Ouverture vum Rettungsschierm décidéiert. De Soffin-Chef Hannes Rehm huet erkläert: “Dëst ass en héichkomplexen a, mat Bléck op déi ze

transferéierend Zomm, wuel och en Eenzelfall, ma d'Geléngen bedeit e Meilenstein an der Restrukturéierung vun der HRE”.

D'Bank wëll dann och 180 bis 185 Milliarden Euro un toxeschen an aneren onerwënschte Pabeieren an déi scho gegrënnte Bad Bank aussënneren, fir da relativ onbelaascht hire Neistart ugoen ze kënnen, als sougenannten däitsch Pfandbriefbank (PBB).

D'HRE war duerch d'Finanzkris uerdentlech an d'Struewele geroden an huet am Hierscht 2009 misse verstaatlecht ginn. D'Bank ass bis ewell mat ganzer aacht Milliarden Euro Kapital a mat Staatsgarantien gerett ginn, well hiren Zesummebroch d'Finanzsystem komplett op d'Kopp géif geheien. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn