Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Zeienopruff: Automobilist iwwerrennt Famill

Wéi d'Police matgedeelt huet ass et, géint 20.00 Auer nom Ritterfest zu Diddeleng, op der Streck Buderbierg zu engem Tëschefall komm. En Automobilist, deen eendeiteg zevill gedronk hat, krut mat sengem groe Mazda, mat däitsche Placken, eng dräikäppeg Famill ze paken.

D'Eltere ware mat hirer klenger Duerchter vun engem Joer um Feldwee an der Rue Ribbeschpont ënnerwee. Um selwechte Wee ass hinnen de groe Mazda mat Schlaangelinnen entgéint komm. De Mann hat därmoosse vill gedronk, dass hie säin Auto net méi

kontrolléiere konnt an hie lénks a riets d'Ofspärungen geknuppt ass. D'Famill hat nach probéiert sech a Sécherheet ze bréngen, ma de Mann an d'Poussette mam Kand si vum Auto erfaasst ginn.

De Mann war beim Accident schwéier blesséiert ginn, mëttlerweil besteet awer keng Liewensgefor méi. Och d'Kand huet mat Prellunge missen an d'Kannerklinik an d'Stad bruecht ginn. Den Alkoholtest beim schëllege Chauffer ass positiv verlaf an de Führerschäin ass nach op der Plaz agezu ginn. Well awer déi genee Ëmstänn vum Accident nach net komplett gekläert sinn, freet d'Police, dass Zeien, déi den Accident beobachte konnten, sech um 113 melle sollen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn