Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

“Gëlle Fra” um Wee fir Heem

D'Gëlle Fra, Staatsmonument an Zeeche fir d'Fräiheet an de Widderstand vun de Lëtzebuerger, feiert hire grousse Comeback nom Openthalt op der Weltausstellung 2010 zu Shanghai. Ma si kënnt net direkt op hire Sockel op d'Constitutiounsplaz an der Stad Lëtzebuerg zeréck.

Op enger Ausstellung zu Nidderkäerjeng, an der “Hall 57” wäert “d'Monument du souvenir” vum 10. bis den 24. Dezember ze bewonnere sinn. Medieberichter no, ass Enn August eng Konventioun tëscht der Gemeng Käerjeng, dem Lëtzebuerger

Staat an der “Agence Luxembourgeoise d'Action Culturelle” ënnerschriwwe ginn.

D'Käschte fir d'Ausstellung ginn op 248.000 Euro geschat. De Lëtzebuerger Staat, sou wéi d'Gemeng solle jeeweils d'Zomm vun 100.000 Euro iwwerhuelen, iwwerdeems de Rescht vun 48.000 Euro duerch private Sponsoring agedriwwe soll ginn. De Gemengerot wäert e Méindenowend iwwert de Projet ofstëmmen, ma d'LSAP-Oppositioun huet hire prinzipiellen Accord elo scho bekannt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn