Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Ongewéinlech Haischützer setze sech an

D'Ëmweltinstitut “Pew  Environment Group” huet zu New York néng Mënschen zesumme bruecht, déi bei eng Reconter mat engem Hai am Mier Kierperdeeler verluer hunn, an awer setze si sech fir de Schutz vun de gedroten Déieren an. “Ech wëll fir d'Rechter vun engem Déier antrieden, dat net selwer fir sech Antriede kann”, sou den australesche Marinetaucher Paul de Gelder, deen am vergaangene Joer bei enger Hai-Attack seng riets Hand an de rietse Fouss verluer hat.

Ëmweltexperten schätzen, dass all Joer

73 Milliounen Haien ëmbruecht ginn, meeschtens och nëmme fir hinnen d'Flossen ofzeschneiden, déi an Asien als Delikatesse gëllen. “Mir deziméieren d'Haipopulatioun nëmmen fir e puer Teller Zopp”, kritiséiert den de Gelder. Fëscher schneiden d'Flossen oft um liewegen Déier of a geheien den Hai dann zeréck an d'Mier, wou hie qualvoll stierft.

Och d'US-Biergerin Debbie Salamone, där am Joer 2004 en Hai beim Schwammen zu Florida d'Achillessehn duerchgetrennt hat, engagéiert sech fir d'Déieren. “Ech war eigentlech kee grousse Frënd vun Haien”, erkläert hatt. “Ech hu meng Rach geplangt a wollt  Haisteaks iessen”. Mam Antriede fir den Aarteschutz konnt hatt dëst Gefill mëttlerweil iwwerwannen.

De südafrikanesche Rettungschwëmmer Achmat Hassiem, deem en Hai de rietse Fouss ofgebass huet, huet och iwwert seng schwiereg Erfahrunge mat den Déiere bericht. “Et war, wéi wann ee géint e Panzer kämpft”, sot hien iwwert säin Zesummentreffe mat engem Hai. Hie wéilt awer net, dass seng Kanner an e Musée musse goen, fir ze wësse wat en Hai ass.

Weltwäit gi pro Joer manner wéi 70 Ugrëffer vun Haien op Mënschen enregistréiert. Mir dierfen dobäi awer net vergiessen, dass et de Mënsch ass, dee  säi Revéier andréngt an net den Hai an eist.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn