Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Fliger zu Venezuela ofgestierzt

36 vun den insgesamt 51 Mënschen u Bord vun der Onglécksmaschinn hunn iwwerlieft, 15 Leit sinn ëm d'Liewe komm, sou de Verkéiersministère zu Caracas offiziell. De Fliger vun der staatlecher Fluggesellschaft Conviasa war an der Géigend vun der Stad Puerto Ordaz ofgestierzt, an zwee Deeler gebrach an a Flamen opgaang.

Déi 36 Iwwerliewender sinn a verschidde Spideeler ageliwwert ginn. Den Donnéeë vum Verkéiersminister Fransisco Garces no, sinn déi meescht vun hinnen net liewensgeféierlech

blesséiert ginn, si hätte Knachebréch a Verbrennungen erlidden. D'Maschinn vum Typ ATR-42-300 vun der staatlecher Fluggeesellschaft Conviasa hat offiziellen Donnéeë no 47 Passagéier a véier Crewmemberen u Bord.

Scheinbar hätt de Pilot d'Kontroll iwwert de Fliger verluer, sou de Gouverneur Fransisco Rangel Gomez zu der méiglecher Ursaach vum Crash. De Pilot hätt kuerz virum Opprall an der Géigend vum Stolwierk e Noutruff ofgesat. Dofir wieren d'Rettungsleit och virgewarnt gewiescht a séier op der Onglécksplaz ukomm. D'Aarbechter vum Stolwierk hätten als éischt gehollef.

De Fliger ass vun der venezolanescher Touristeninsel Margarita an der Karibik komm a kuerz virun der Landung, ronn zéng Kilometer vun der Stad Puerto Ordaz ewech erofgefall. Déi genee Onglécksursaach ass bis ewell nach net gekläert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn