Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Keng Waardelëschte bei städtesche Schoulfoyeren

E Méinden huet de Paul Helminger, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg an seng Stellvertriederin a Chargé vum Enseignement Viviane Loschetter, d'Mesurë presentéiert, déi eng erfollegräich Rentrée scolaire an d'Gestioun vun de Foyers scolaires fir d'Joer 2010-2011 garantéieren.

No der Aféierung vun de Chèques service, den éischte Mäerz 2009, ass et an de Foyers scolaires an der Stad Lëtzebuerg regelrecht zu enger Invasioun komm. Deemno war et zu enger exzeptioneller Hausse vun 30 bis 35

Prozent komm a scho beim Tëschebilan am Abrëll 2010 stoungen 260 Kanner op der Waardelëscht. An och de Bilan no engem Joer huet gewisen, dass d'Stader Gemeng absolut noutwenneg Dispositiounen huet missen anhuelen, fir der aussergewéinlecher Entwécklung  an den zousätzleche Bedierfnesser un Infrastruktur a Personal entgéintzewierken.

D'Verspriechen ass agehale ginn

Hiert Verspriechen, trotz der finanzieller Situatioun, all Kand eng Plaz an engem Foyer kënnen ze bidden, konnt deemno agehale ginn. Zum Beispill ass ganz kuerzfristeg d'Opriichte vun dräi, net am Budget festgehale Container zu engem Präis an der Héicht vun 3,7 Milliounen Euro, accordéiert ginn. Dës Containere sollen zu Märel, Gaasperech an um Cents entstoen.

Bis dës Containeren awer definitiv, an de kommenden dräi Wochen, notzbar sinn, gëtt op onkonventionell Léisungen zeréckgegraff. Zum Beispill hu sech d'Scouten zu Märel bereet erkläert, hir Raimlechkeete während den éischten zwou Woche fir d'Kanner zur Verfügung ze stellen. Zu Gaasperech soll d'Parhaus St. Joseph als provisoresche Foyer bis Enn Oktober gebraucht ginn.

Zousätzlech Infrastrukturen an de kommende Joeren

Ma zousätzlech Infrastruktur soll an de kommende Joere nach dobäi kommen. Sou sollen déi bestoend Gebaier an der Rue Gellé zu Bouneweg Enn 2010 fäerdeg sinn. Fir d'Rentrée 2012 soll dann d'Gebai am Rolléngergronn erweidert sinn. Nei Konstruktioune ginn da nach zu Gaasperech fir d'Joer 2013/2014, zu Märel fir 2013 an 2014 an zum Schluss nach um Cents virum Summer 201, mat enger Ausbaustuf fir de Summer 2012, gebaut.

Natierlech sollen dës Efforten um logistesche Niveau nach verstäerkt ginn an en entspriechend pädagogescht Team op d'Been gestallt ginn, fir d'Kanner nach besser ze encadréieren. An dësem Zesummenhang huet d'Stad Lëtzebuerg fir dësen Hierscht 25 diploméiert Éducateuren, 10 Agents éducatifs, sou wéi zwee graduéiert Éducateuren engagéiert. Domat sinn aktuell 32 graduéiert Éducateuren, 115 diploméiert Éducateuren an 73 Animateure bei de Foyers scolaires beschäftegt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn