Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

EU-Kommissioun attackéiert Frankräich

Frankräich huet sech wéinst der Expulsioun vun Dausende Roma mat der EU-Kommissioun ugeluegt, déi sech elo net méi virun heftege Kritiken an haarde Wierder géint déi franséisch Regierung scheit. Paräis géif mat senger Expulsiounspolitik déi ethnesch Mannerheet vun de Roma diskriminéieren an donieft géint déi europäesch Grondrechter verstoussen, sou d'EU-JustizkommissarinViviane Reding.

Si bezeechent dat franséischt Virgoen als “Schan” a bezichtegt zwee

franséisch Minister indirekt gelunn ze hunn. “Meng Gedold ass eriwwer, genuch ass genuch”, sou déi knallhaart Wierder vum Viviane Reding, déi Frankräich elo mat enger Klo dréit.

Déi oppe Kritik un engem Memberland a politesche Froen ass eigentlech immens ongewéinlech. Dëst dierft dann och zu engem schwéiere Sträitpunkt tëscht Paräis a Bréissel ginn, wou d'Suiten elo nach net auszemaache sinn. E Spriecher vum franséischen Ausseministère huet d'EU-Kommissioun elo scho virun der Polemik gewarnt.

Zanter Enn Juli hunn déi franséisch Autoritéiten op Uweisung vum Staatspresident Nicolas Sarkozy wäit iwwer 100 Roma-Siddlungen opgeléist a méi wéi 1.000 Mënschen an hir Heemecht zeréckgeschéckt. Als offizielle Grond fir dës Moossnamen ass de Schutz vun der ëffentlecher Uerdnung.

D'EU-Kommissioun hat wéinst hirer wochelaanger Zeréckhaltung vill Kritik a Kaf geholl, besonnesch vum EU-Parlament. Grond fir de Sinneswandel vum Viviane Reding ass eng Déngschtuweisung vum franséischen Inneminister Brice Hortefeux, an där hien opfuerdert “systematesch” onzoulässeg Lageren an zwar “fir d'éischt vun de Roma” ze “zerstéieren”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn