Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Bommenalarm zu Paräis

Den Äifeltuerm hat géint 20.00 Auer en anonymen Uruff kritt, wéi d'Police matdeelt. Während der stonnelaanger Duerchsichung vum Paräiser Wuerzeechen, ass awer näischt Verdächteges fonnt ginn. No dësem Uruff huet d'Police den Tuerm an och Deeler vum Marsfeld, um Fouss vun der Touristenattraktioun, gespaart. Deen Ament hate sech am, sou wéi ëm den Tuerm, ronn 2.000 Mënschen opgehal.

Géint 21.00 Auer ass d'Police mat engem Grossaufgebot u Beamte beim Äifeltuerm ukomm. Am Uschloss hunn

d'Spezialunitéiten mat Spierhënn den Tuerm Stack fir Stack ofgesicht. Géint 23.00 Auer konnt d'Police erëm Entwarnung ginn, et wier näischt Verdächteges fonnt ginn.

Normalerweis mécht en Tuerm um Mëtternuecht zou, no der Duerchsichungsaktioun en Dënschden, sollt den Tuerm awer zou bleiwen.

Eng Stonn nom Bommenalarm géint den Äifeltuerm, huet d'Police och missen eng Statioun vun der Regionalschnellbunn RER raumen. Grond war och hei eng anonym Menace, wéi d'Bunngesellschaft SNCF an dat städtescht Verkéiersamt RATP matgedeelt hunn.

Sécherheetséquipen hunn d'Gare Saint-Michel am Zentrum géint 21.18 Auer evakuéiert. De Verkéier tëscht de Statioune Paräis-Austerlitz an Invalides wier ënnerbrach a knapp eng Stonn méi spéit op der Linn C iwwerholl ginn. Och d'Linn B war tëscht 21.40 an 21.55 Auer kuerzzäiteg gespaart ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn