Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Zevill gedronk - Automobilist wénkt Police selwer erbäi

Wéi d'Police matgedeelt huet, war eng Policepatrull géint 01.20 Auer zu Hënchereng ënnerwee. An der Route d'Esch huet en Automobilist hinne Bléckzeechen mat der Warnblénkanlag gemaach. Ganz nom Motto “Polizei dein Freund und Helfer” sinn d'Beamten mat hirem Déngschtwon op der Héicht vu sengem Gefier stoe bliwwen.

De Mann huet sech doropshin op engem Parksträifen geparkt an d'Policebeamten hunn de Mann gefrot, ob hien dann eventuell Hëllef bréischt. Am Gespréich mam Mann hunn d'Beamten awer

en Alkoholgeroch an uecht geholl, deen hinnen aus dem Gefier entgéint an d'Nues geklommen ass.

D'Beamte vum Centre d'Intervention Diddeleng hu net laang gezéckt an hunn dem alkoholiséierte Mann, no engem positiven Test wuelverstan, och tatsächlech gehollef. Si hunn dem Mann de Führerschäin ofgeholl an e Protokoll ass ausgestallt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn