Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Gëllen Aussiichten an der neier Syrdall Schwemm

Dëst soll sech geschwënn änneren, mat der Ouverture vun der neier Syrdall Schwemm zu Nidderaanwen, déi dann den ëstleche Landkrees ofdeckt. Direkt bei der Autobunn vu Lëtzebuerg an Tréier soll a nëmmen e puer Wochen déi nei Schwemm hir Dieren opmaachen.

Nieft engem 25-Meter Schwammbaseng  gëtt et an der neier Piscine e Baby- a Kannerbaseng, sou wéi Fräizäitbecken, an deem och Aquacoursë wäerten ugebuede ginn. Ma net genuch, déi nei

Syrdall Schwemm verfügt iwwert en Aussebecken mat Spruddelbänken a Stréimungskanal, dat ganzjäereg ka genotzt ginn. Am Summer steet dann och eng wäitleefeg Wiss an Terrasseform zur fräier Verfügung, sou dass een, nieft dem gëllene Glanz vun der Schwemm och nach d'Sonnestrale genéisse kann.

 

Déi nei Schwemm soll bei Grouss a Kleng gläichermoossen fir Begeeschterung suergen. Zum Beispill soll eng 65 Meter laang Waasserrutschbann mat Musek, net nëmme bei de klenge Gäscht fir de néidege naasse Spaass suergen. Ma nieft dem Spaass, ass och de Wellness an der Syrdall Schwemm grouss geschriwwen. De Saunaberäich ëmfaasst e Banneberäich mat Finnescher Sauna, Dampfbad, Kalberäich, Bistro mat Kamäin a Rouraum. Op enger grousser Saunaterrass gëtt et nieft der Biosauna, eng weider Finnesch Sauna.

Natierlech ass bei all där naasser Freed och fir den Honger an Duuscht virgesuergt. Direkt e puer Gastronomieberäicher stinn an der Syrdall Schwemm zur Verfügung. De Restaurant, dee mat liichter Fitness-Kichen seng Gäscht kulinaresch ze verwinne weess, kann och extern besicht ginn.

Grouss Porte Ouverte

Wann dir elo virwëtzeg sidd, kritt ee Sonndes, den 19. September op der Porte ouverte, en direkten Androck vun der neier Schwemm zu Nidderaanwen. Vun 10.30 bis 17.00 Auer ass dann och all Interesséierten häerzlech invitéiert sech op der Plaz e Bild vun der Syrdall Schwemm ze maachen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn