Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Schaarf Konter vu Frankräich géint EU

De Paräiser Europa-Staatssekretär Pierre Lellouche huet betount, d'Viviane Reding hätt sech mat hire schaarfe Wierder zur franséischer Roma-Politik Entgleisunge geleescht. “Dës Entgleisung ass onugemiess, d'Gedold huet Grenzen, sou behandelt ee kee grousse Staat”, sou dem Lellouche seng Erklärung.

D'EU-Justizkommissarin hat Frankräich en Dënschde wéinst der Ausweisung vu Roma attackéiert a rechtlech Schrëtter géint Paräis ugekënnegt. De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass

hir doropshin zu Hëllef komm an huet d'Kritik vun der Bréisseler EU-Kommissioun ënnerstëtzt: “Mir weisen domat Biller, déi eigentlech net zu Europa passen, wéi mir et duerstelle mat de Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet”.

Dëst Thema wäert beim EU-Extrasommet, bei deem och d'Ausseminister deelhuelen, nëmmen eng Nieweroll spillen. Offen ass den Asselborn, ob et eng Klo géint Frankräich wéinst den Expulsiounen an en anert EU-Land iwwerhaapt gëtt. Op alle Fall géif awer de Prestige vun Europa beschiedegt ginn.

De Jean Asselborn huet d'Viviane Reding zwar ënnerstëtzt, distanzéiert sech awer vun hire konkrete Wierder, déi, déi franséisch Explusiounstechnik mat der Virgoensweis am Drëtte Räich hat. “Ech denken, wann een sou eppes seet, geet een e Schratt ze wäit”, sou de lëtzebuerger Ausseminister. Och de franséischen EU-Kommissär vum Marché intérieur, Michel Barnier, geet no den Aussoe vu senger Amtskollegin léiwer op Distanz.

D'Reding hat eng Klo géint Frankräich wéinst der Verletzung vun den EU-Richtlinnen zum fräie Persouneverkéier ugekënnegt. Si huet erkläert: “Ech hätt net geduecht, dass Europa nom Zweete Weltkrich nach emol Zeie gëtt vun sou enger Situatioun”. “D'Diskriminatioun op der Grondlag vun der ethnescher Hierkonft oder der Rass huet an Europa keng Plaz”, sou d'Viviane Reding weider.


Den EU-Kommissiounpresident Jose Manuel Barroso wäert um Sommet vun den EU-Staaten an de Regierungschefen, den Donneschden zu Bréissel, mam franséische President Nicolas Sarkozy de Roma-Sträit diskutéieren. Seng Spriecherin Pia Ahrenkilde wollt zum Thema Reding keng Fro beäntweren, de Barroso wier awer fest entschloss an aller Rou weider um prekäre Sujet ze schaffen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn