Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Autofuerer opgepasst – Gefor duerch Wëld

Ënnert dem Motto “Ee Réi kënnt seelen alleng...” wëll de lëtzebuerger Automobilsclub ACL op d'Gefor vum Wëldwiessel besonnesch an de fréie Moises- an Owesstonnen am Hierscht opmierksam maachen. D'Suitë vun engem Wëldaccident géife vu ville Chauffere ganz einfach ënnerschat ginn. Ëmmerhin: E Réi mat 20 Kilogramm Gewiicht huet bei Tempo 100 en Opschlagsgewiicht vun enger Tonn.

Vermeiden, loosse sech Wëldaccidenter am beschten duerch eng entspriechend Fuerweis, besonnesch do, wou

opgestallten Warnschëlder sinn. An anere Wierder, seng Ëmgéigend ganz genee am Aan halen, am Geforeberäich de Fouss vum Gas huelen a säi Sécherheetsofstand nach méi erhéijen.

D'Verhale vun engem wëllen Déier léisst sech dann och ganz schwéier viraussoen, an et ass och keng Garantie, wann et schéngt, dass en Déier e Réckzéier mécht. Der Erfahrung vum ACL no, leeft en Déier net um kierzste Wee iwwert eng Strooss, ma éischter flüchte si laanscht d'Strooss, fir dann awer am leschte Moment op d'Fuerbunn ze sprangen. Een Déier kënnt dann och net alleng, Réi a Wëllschwäi si meescht a Gruppen ënnerwee.

Steet d'Wëld direkt op der Fuerbunn, hëlleft eigentlech just nach eppes: eng Vollbremsung. Eng Reaktioun, déi ee sech do soll verhalen, ass, ufänke mat tuten an d'Faren ausmaachen. Léisst sech duerch de Verkéier en ongeféierlecht Ausweechen net verhënneren, heescht et, och wann et grausam kléngt: Augen zu und durch. Eng Kollisioun ass ëmmer besser, wéi beispillsweis vun der Fuerbunn ofkommen an dann an de nächste Bam knuppen.


All Wëldaccident muss gemellt ginn

Och wa näischt Schlëmmes geschitt ass, sollt all Kollisioun mat engem Wëld bei der Police gemellt ginn. Nëmmen sou kann e geflüchtent a blesséiert Déier opgespiert ginn. Ma och fir d'Assurance ass eng confirméiert Accidentmeldung bei der Police  wichteg. Iwwerrannten Déiere kënnen och nëmmen da vun der Strooss ewechgeholl ginn, sou dass si keng Gefor fir aner Verkéiersmembere méi duerstellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn