Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

EU plangt Zwangsquot fir weiblech Chefen

D'EU-Kommissioun wëll d'Erhéijung vum Fraen-Undeel an de Féierungsétagen vun de Firmen erzwéngen “Wa bis Enn 2011 näischt geschitt, musse mir iwwert eng gesetzlech Quot nodenken”, sou d'EU-Kommissarin fir Justiz- a Gläichstellungsfroen, Viviane Reding. Als Zil hätt si dobäi un e Fraen-Undeel vun 30 Prozent an den Opsiichtsréit. Dëst soll bis 2015 erreecht ginn a bis 2020 op 40 Prozent erhéicht ginn.

D'Lëtzebuergerin verweist drop, dass a Norwegen den Undeel u Frae mat

Spëtzepositioune  duerch eng deementspreichend Quot a fënnef Joer vun 25 op 45 Prozent geklomme wier. Europäesch Konzerner hätte nieft hire wirtschaftlechen, och eng sozial Verantwortung”, sou d'Reding. “Ech wëll dréngend un déi grouss europäesch Firmen appeléieren, eppes ze maachen a méi Fraen op hir Opsiichtsréit ze bréngen.”

Donieft huet si ugekënnegt, sech am Fréijoer 2011 mat de Vertrieder grouss europäesch Firmen zu Bréissel treffen ze wëllen, fir sech ëm Gläichstellungfroen ze beroden. De Bilan bis elo wier alles anescht wéi erfreelech. “Ech hunn an de vergaangene Joer leider feststelle mussen, dass d'Matwierke vu Fraen a Féierungspositioune kaum Fortschrëtter gemaach huet”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn