Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Bewaffneten Iwwerfall op Wiertschaft zu Péiteng

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et géint 02.30 Auer zu Péiteng, zu engem brutalen Iwwerfall op eng Wiertschaft an der Rue du Marché komm. Insgesamt ware just nach véier Clienten an der Wierschaft, déi nach bei der hënneschter Aganksdier stoungen, wéi op emol dräi männlech maskéiert Persounen eragestiermt sinn.

Zwee vun de maskéierten Täter sinn zu de Clientë gerannt an hu mat virgehale Pistoul an engem Säbel d'Suen a Wäertsaache verlaangt. Ee vun de Clienten huet sech ganz

couragéis widdersat, ouni Succès. De Mann krut mam Grëff vun der Pistoul kuerzerhand e Schlag op den Hannerkapp. Hien huet missen am Spidol behandelt ginn, seng Wonn ass gebutt ginn.

Doropshin hu sämtlech Affer den Täter hir Wäertsaachen ouni nach weider Widderstand ze leeschten. D'Täter hunn duerno direkt ze Fouss d'Flucht ergraff. A wéi eng Richtung déi Maskéiert fortgerannt sinn, ass net gewosst.

Kuerz Beschreiwung:
  • allen 3 zirka 18- 25 Joer al
  • schwaarz ugedo
  • wahrscheinlech vu kapverdianescher Nationalitéit, si hunn deelweis Kapverdianesch geschwat
  • déi 2 mat der Pistoul, waren zirka 1,85 Meter grouss a kräfteg Statur
  • den Täter mam Säbel war bal 2 Meter grouss a schmuel gebaut
  • de Säbel hat eng Längt vu ronn 50 Zentimeter


Sämtlech Hiwäiser sinn direkt bei de Police um 113 ze mellen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn