Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Juncker: “Dat sollen aner Staaten iwwerhuelen”

Am Hibléck op de Regierungsrot, e Freidenomëtten, huet de Premier Jean-Claude Juncker mat gefaasstem a rouegem Toun säi Point de vue zum Thema Demonstratioun vun de Frontalieren, den Dag virdrun, ginn. Senger Meenung no, hunn d'Leit net Rescht.

Hie versteet net, fir wat seng Reform géint dat Europäescht Recht verstéisst, ass et dach de Grand-Duché, deen d'Critèren an Europa nach am meeschten erfëllt. Dem Premier no, erméiglecht Lëtzebuerg senge Studenten op Boursen zeréckzegräife fir hir Studien ze

maachen. Dofir wier et och nëmme logesch, dass déi entspriechend Heemechtslänner och hire Studenten erméiglechen, op Boursen zeréckzegräifen. “Dat solle roueg aner Staaten iwwerhuelen”!, sou de Jean-Claude Juncker. 

Wat déi faméis Décisioun vun der Cour de Justice, am Fall vun Holland ubelaangt, hätt dëst mat dësem Thema näischt ze dinn, sou de Juncker weider. An Holland huet sech d'Verdeele vun de Boursen op e Critère d'origine baséiert. Zu Lëtzebuerg baséiert ee sech op de Critère de résidence, wat a sengen Aen net ze vergläichen ass.

Dës Ukënnegung wäert de Gewerkschaften, déi sech no hirer Groussdemonstratioun ganz bestëmmt eng aner Reaktioun erwaart hätten, alles anescht wéi gefalen. An och d'Frontaliere wäerten un dëser Äntwert e bëssen ze knaen hunn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn