Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

EU an UNO zesumme géint den Aarmut

Mam Geld solle virun allem all déi Ziler vun der Aarmutsbekämpfung erreecht ginn, vun deenen d'Weltgemeinschaft nach am wäitsten ewech ass, sou den EU-Lommissiounspresident José Manuel Barroso. “D'Zäit gëtt knapp, dowéinst mussen effektiv Resultater erzielt ginn”. D'Mëttel sollen iwwert den Europäeschen Entwécklungsfonds bereet gestallt ginn, sinn EU-Donnéeë no awer nach net bestëmmte Milleniumziler zougewise ginn.

Op dem dräi Deeg laangen UN-Sommet zu New York wëllen d'Politiker

an d'Vertrieder vun der Zivilgesellschaft en Tëschebilan, vun den am Joer 2000 accordéierten Entwécklungsziler an den äermste Regioune vun der Welt zéien. Si gesinn ënner anerem bis 2015 eng Reduktioun ëm d'Halschent zu der Zuel vun aarmen an hongerege Mënschen, manner Kannerstiefklechkeet ëm zwee Drëttel an e Stopp vun der Ausbreedung vum Aids.

Zum Optakt vum Sommet e Méinden hat den UN-Generalsekretär Ban Ki-Moon virun engem Noloosse vun der Entwécklungshëllef fir déi aarm Länner gewarnt. Mat engem gréissere politesche Wëllen an zousätzleche Finanzmëttel, kéint de Liewensalldag vu Milliarde Mënsche verbessert ginn, sou de Ban. De franséische President Nicolas Sarkozy huet an deem Kontext eng Steier op Finanztransaktiounen, zur Finanzéierung vum Kampf géint Aarmut, proposéiert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn