Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Massive Fall vu Vandalismus zu Biissen

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et tëscht dem 17. an 20. September op der Place Frounert an, an der Route de Mersch zu direkt e puer Tëschefäll vun Zerstéierungswut a Vandalismus komm. Onbekannter hunn zum Beispill mat Holzbalken vun 70 Zentimeter Längt géint Fënstere gehäit, fir an de Réibau anzebriechen. Am Gebai selwer ass näischt geklaut ginn, ma d'Sécherunge vun den Heizunge sinn ageschalt ginn, sou dass d'Heizkierperen de ganze Weekend gelaf sinn.

Weidere Vandalismus an der

Ëmgéigend

En eréischt nei gebaute Waasserbuer, virum deemolegen Atelier vun der Gemeng, ass mat Paweessteng (vun der Baustell op der Place Frounert) komplett zougeschott ginn. D'Gemengenaarbechter hu net manner wéi 8 bis 9 Schubkare Steng missen ewechraumen. Donieft ass d'Becke mat Sand zougeschott ginn, wouduerch de Récklaf zur Attert verstoppt ass an de Sprangbuer ass iwwergelaf. Dës weideren ass dat mëttlert Rouer vum Sprangbuer verbéit ginn.

Hannert dem Gemengenatelier sinn d'Metallgelänneren vun enger provisorescher Bréck beschiedegt ginn. Mat Hëllef vun engem Holzpoul sinn dann och nach Metallstriewe vum Gelänner komplett verbéit ginn.

Déi hallefstaark Band huet sech awer do nach net genuch ausgetobt, zwee Mol ass d'Glas vun enger Lanter agehäit ginn. An enger Lanter loung den ofgebrachene Gipskapp vun enger Statue. Hire Wee ass duerno weidergaang op d'Attert Bréck an der Grand-Rue, wou de Blummekiwwel mat der Befestegung erofgestouss gi sinn. Bei engem mobilen Toilettenunhänger bei der Place Frounert sinn zum Schluss nach déi véier Pneue platt gestach ginn.

Feier an der Route de Mersch

Onbekannten Täter hunn um vergaangene Weekend  an der Route de Mersch e Feier hannert engem Gebai ugezünt, andeems si d'Gratiszeitung “L'Essentiel” ugefaang hunn. Et sinn dann och grouss Brandflecken op der Feiertrap entstan. En anert Feier ass donieft och nach an enger Poubelle am hënneschten Haff ugefaang ginn, wouduerch d'Ofdeckung ewechgeschmollt ass.

An hirer blanner Zerstéierungswut hunn d'Täter mam Sand aus enger Sandkëscht aus dem Haff vun der Précoce géint déi hënnescht Aganksdier gehäit. Net gewosst ass, ob et sech bei dësem Vandalismusakt och ëm d'Band vun der Place Frounert handelt.

Wéi d'Police mellt, ass en héije Materialschued entstan. Eventuell Zeie solle sech beim 113 oder beim CP Groussbus mellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn