Sunday 22 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Päerdsunhänger no Kollisioun ëmgekippt

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass t géint 16.05 Auer op der Autobunn A13, vu Schengen a Richtung Diddeleng zu engem fatalen Accident komm, deen zum Gléck gutt ausgaang ass fir sämtlech Bedeelegt. Eng Autosfuererin war mat hirem Gefier mat Unhänger, deen zwee Päerd gelueden hat op der A13, op der Héicht vun de Sortië Mondorf a Markusbierg, ënnerwee, wéi de Chauffer vun engem Liwwerwon géint den Unhänger geknuppt ass.

D'Fra huet doropshin d'Kontroll iwwert hir Gefier verluer, ass un d'Schléngere komm,

sou dass den Unhänger mat de Päerd ëmgekippt ass. Den direkt erbäigeruffe Vétérinaire huet de Päerd eng Berouegungssprëtz misse maachen, fir d'Déiere kënnen ëmzelueden.

Sämtlech Bedeelegt, wéi och de Päerd ass glécklecherweis näischt geschitt, ma de  Materialschued ass grouss. Op der Plaz war de Centre d'Intervention Réimech. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn