Monday 23 September 2024
Font Size
   
Sunday, 10 January 2010 00:00

Jean-Claude Trichet kritiséiert Lounindex zu Lëtzebuerg

De Message ass kloer, Lëtzebuerg ass vum Jean-Claude Trichet, President vun der Europäescher Zentralbank, opgefuerdert ginn, seng Lounindexatioun ofzeschléissen an de Pensiounssystem op eng nohalteg Basis ëmzeänneren.

Obschonns d'Finanzsituatioun am Grand-Duché, am Verglach mat anere Memberstaaten, net grad déi allerschlechst ass, huet Lëtzebuerg um Finanzministerrot zu Bréissel awer eng op den Deckel kritt. De Jean-Claude Juncker wollt sech dann och mol eng Kéier raushalen, huet hie sech an der lescht oft genuch mam

Thema Index, etc, missen ausernanersetzen an huet et dem Währungskommisar Olli Rehn an dem EZB-President Jean-Claude Trichet iwwerlooss, den ëmstriddene Sujet unzeschwätzen.

 

Lëtzebuerg muss oppassen


“Lëtzebuerg dierf, trotz hirer relativ gudder Finanzsituatioun déi manner positiv Enwécklunge net ënnerschätzen”, sou den Olli Rehn um Finanzministertreffen en Donneschden. Zum Beispill wat de Rentesystem ubelaangt ginn et Bedenken, déi sech an Zukunft verstäerke kéinten. Lëtzebuerg weist, am direkten EU-Verglach, déi héchsten Alterstaux op an trotzdem ass d'Fréipensioun och weiderhi wäit verbreet.

Den Trichet weist drop hin, dass d'Ophiewe vun der Indexatioun bei de Salairen immens wichteg wier. “Dëst ass fir kee Land um Marché intérieur acceptabel”, betount de President vun der Europäescher Zentralbank. Zanter net manner wéi eelef Joer géif d'EZB elo scho fir d'Präisstabilitéit astoen, souguer bei engem Inflatiounstaux vun nëmmen 1,79 Prozent. Fir dëst och an de nächsten zéng Joer méiglech ze maachen, wier eng verantwortungsvoll Politik vun de Regierungen an de Sozialpartner indispensabel.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn