Monday 23 September 2024
Font Size
   
Sunday, 10 January 2010 00:00

Eng zweet Boeing 737-800 fir d'Luxair

Nodeems de LuxairGroup am Juni dëst Joer eng éischt Commande fir e neie Fliger vum Typ 737-800 an Optrag ginn hat, huet de Verwaltungsrot elo décidéiert, nach eng zweet Maschinn vum selwechten Typ ze kafen.

“Den Asaz vun der geleaster Boeing 737-800 ass immens erfollegräich. Fir eis Reesgesellschaft LuxairTours ass et den ideale Fliger fir mediterran Vakanzenziler, ma och fir eis nei Destinatiounen, Cabo Verde, unzefléien”, erkläert de LuxairGroup Virstandsvisëtzenden Adrien Ney hir Décisioun. “Duerch

d'Commande bekräftegen mir och eis Politik, duerch eng regelméisseg Erneierung, eng modern a jonk Flott ze besëtzen. Domat entspriechen eis Fligeren och zu all Moment den héchsten Uspréch wat d'Flugsécherheet, Qualitéit, Konfort an Ëmwelt ugeet”.

De Passagéier dierfe sech freeën


Duerch déi nei Boeing 737-800 kéint sech deemno och eppes um Präis bei Flugreesen änneren. Duerch eng ganz Rëtsch Verbesserunge bei der Leeschtung vun de Motoren an der Aerodynamik, ginn ab 2012 zousätzlech bis zu 2 Prozent manner Kerosin verbraucht, Déi éischt 737-800 wäert awer eréischt am Dezember 2012 un de Start goen, déi zweet Boeing 737-800 souguer eréischt ab Januar 2015. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn