Monday 23 September 2024
Font Size
   
Saturday, 10 April 2010 00:00

Déidlechen Accident op der A7

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et um fréie Samschden, géint 7.16 Auer op der Héicht vu Schieren beim Iwwergank A7 op d'B7, zu engem déidlechen Autosaccident komm. De jonke Chauffer hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, ass an de Summerwee geroden an huet dobäi eng Paart duerchbrach. Den Auto ass duerno vun der Strooss erofgefall an um Daach an der Montéee de Nommern, nieft der Autobunnsbréck lei bliwwen.

Fir den 22-jäerege Chauffer vun Ettelbréck sollt all Hëllef ze spéit kommen, hien

ass nach op de Onglécksplaz verscheet. Déi zwee anere Passagéier am Auto si schwéier blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Schieren, Ettelbréck, de Centre d'Intervention vun Dikrech, de Samu Ettelbréck, sou wéi d'Ambulanze vu Lëntgen an Ettelbréck. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn