Monday 23 September 2024
Font Size
   
Saturday, 10 April 2010 00:00

Optakt vum UN-Treffen zum Klimaschutz

Ronn 2.500 Participanten aus 160 Länner sinn an der nordostchinesescher Metropol zu der leschter Verhandlungsronn virum Weltklimasommet an zwee Méint am mexikanesche Cancun zesummekomm. Dëst ass dann och déi éischt Kéier, dass eng grouss UNO-Klimakonferenz a China ofgehale gëtt, ëmmerhin ass dat bevëlkerungsräicht Land op der Welt de gréisste CO2-Produzent an Energieverbraucher, nach virun der USA.

En Duerchbroch gëtt beim Treffen net erwaart. Ma d'Participanten hoffen op mannst an Deelberäicher op

Fortschrëtter am Kampf géint d'Äerderhëtzung. D'UNO-Klimachefin Figueres huet sämtlech Participanten opgefuerdert, eng kloer Entscheedung ze treffen, wat zu Cancun virgeluegt an décidéiert ginn. Et misst en erreechbaren a politesch iwwerliewengsfäege Pak décidéiert ginn.

Greenpeace fuerdert däitlech Reduktioune vun de CO2-Emissiounen duerch déi räich Industrienatioune wéi bis ewell zougesot. Et misst eng Eenegung op detailléiert Mechanisme fir d'Finanzéierung vum Klimaschutz, déi technologesch Kooperatioun an Hëllef fir d'Entwécklungslänner ginn.

D'Hëllefsorganisatioun Oxfam huet d'Participanten opgeruff d'Konferenz ëm de geplangte Klimafonds virunzedreiwen. Déi räich Natiounen haten zu Kopenhagen bis zu 100 Milliarden US-Dollar pro Joer fir de Fonds versprach. Déi éischt Finanzéierung vun 2010 bis 2012, an der Héicht vun 30 Milliarden US-Dollar, leeft awer nëmme lues un. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn